
Geschter, den 9. Oktober wor et dann suwäit. Ech sin op mäin eischten Concert hei zu New York gaang. Ech wor The Gossip, mat der decker Sängerin Beth Ditto kucken (ech mengen anischter kennen dei meescht Leit d'Grupp mengen ech nik!!;)haha) an dat wor absolut derwaert. D'Hall an daer den Concert wor,wor och wierklich cool, well sie wor nik ze grouss an nik ze kleng, an et woren mei Stackwaerker an suguer eng Dachterrass, wanneen keng Loscht haat dei deelweis grausig Firgruppen ze erdron!!;) wat mir dun och gema hun!:) Eigentlich sollt ech jo nemmen mam Rieke op den Concert gon,mee wei mir dun an der Hall ukommen sin, sin mer op nach aner EF Studenten getraff,dei deelweisoch bei mir an der Klass sin.
All in allwor et wierklich een mega scheinen Owend, wann och den Wee vum Subway bis an d Hall eis op eisen heigen Schung schon vun Ufank un baal embruecht haat!!;)haha
Enjoy the pictures!!:)








mat doudigen Feiss sin an ewer zefridden sin mer dun rem mat eisem Lieblings-Localtrain heem op Tarrytown gefuer!!:)
Hei ass nach een Video vum Concert. Kuckt eech en un, mee maat den Toun aus, well d'Toun-qualiteit ass miserabel,soss fällt der vum Stull!!:) Wollt en ewer mol dropsetzen, well een do halt bessi vum Concert gesäit, wann och nik heiert!!;)haha
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire