
Haut gung et fir d'eischte Keier ennert dem Waasser erduerch op dei aner Säit vun Manhattan, nämlich op Williamsbourg, Brooklyn. Wat kann ech eech son?! Et ass wonnerschein do (et bleiwt mer jo näischt anres iwrig wei dat ze son!;)haha), wann och grondverschidden zu dem wat ech bis elo zu Manhattan gewinnt wor. Vun villen Säiten krut ech erzallt dat Williamsbourg als en bekannten Szeneveirel gelt, mat villen Gallerien an Secondhand-Shops. Dat heescht alles wat ech immens gaer hun op engem Fleck. Perfect!!;) Also nik dat Manhattan ellen waer, op keen Fall (sin nach emmer "completely overwhelmed" wann ech aus der Grand Central erauskommen), mee Brooklyn, vun deem wat ech bis elo gesin hun, hot mer nach engt Steck besser gefallen. Et hot säin ganz eegenen Charme an onmoossig vill guddaussehend resp. "individuell" Leit, dei do ronderem laafen. Et maerkt een och defintiv hei, dat een aus dem touristischen Manhattan raus ass, well sech hei baal ausschleisslich Amerikaner ophalen. En plus hot een zu Williamsbourg immens vill Meigligkeeten fir eessen ze gon oder eps ze drenken, an dat nemmen zu engem Brochdeel wat een normalerweis an der Stad bezolen gif.
Alles an allem, wat ech eech mat desem Eintrag soen wel ass, dat jidfereen deen jemols op New York kommen soll, nik nemmen zu Manhattan setzen bleiwen soll, mee onbedingt och op Brooklyn goen soll. Well desen Deel vun der Stad gett schliesslich als "richtigt" New York City ugesin!!:) Elo ass et genuch mat mengen Lobeshymnen, kuckt eech d'Fotoen un, dann verstidd der mech warscheinlich besser!!;)








Iwerall verstreet sin dann esou kleng Butticker, vun Secondhandshops zu Miwelbutticker, an deenen een am leifsten den ganzen Daag wullen gif!!:)
Nach eng opregend Geschicht hun ech ewer nach!!;) An engem vun deenen eischten 2nd Hand's wou mer woren, stung ech grad do an engem Kleederstänner ze wullen an wei ech dun riwer kucken sin mer baal d'Aan erausgefallen!!:) Direkt neewt mir stung d'Peaches Geldof!!:)hahaha!! (fir all dei, dei nik wessen, ween dat ass: dir leest ze weinig Coiffeurszeitungen, säin Beruf ass nämlich d'Meedchen vun engem bekannten Sänger sin, nämlich vum Bob Geldof)
Jaja, hun nik schlecht gekuckt. Wor och e bessi hin-an hiergerappt, ob ech hat dann elo fron sollt fir eng Foto mat himze kreien an dun hun ech alt un mäin gesonnen Menschenverstand apelleiert an mer selwer gesot, ech soll hat dach elo leiwer an Rou seng Saacheen kaafen lossen!!:)









an och desen Weekend haaten mer onmoossig Chance mam Weeder, well et wor den ganzen Daag sou schein an sonnig!!:)
t klengt meega kuhl :) ech well och engkeier dohinn ;)
RépondreSupprimer