
Haut wor allgemein esou een scheinen Daag, et wor mol rem engker richtig sonnig an sou hun ech profiteiert mech einfach bei d'Waasser ze setzen an ze leesen oder den Leit nozekucken! Haut wor och dei eischte Keier, dat ech ganz alleng an d'Stad gefoer sin, fir sou och wierklich nemmen dat ze man, wat ech wollt. An ech hun dat an vollen Zich genoss, gleewt mer dat!?;)
Den Battery Park ass en klengen Park just um Ufer vum Hudson River, vun deem een halt d'Freiheitsstatue gesin kann. Vun hei foren och verschidden Scheffer riwer bis op d'Insel oder och d'Staten Island Ferry, mat daer een gratis (!!! dat ass warscheinlich dat eenzigt an ganz New York, wat een gratis kritt!;)hahah!), lanscht d'Statue fiert.
Et gin leider nik esou vill Fotoen vun haut, well ech natierlich vergees haat meng Batterien vun der Kamera opzeloden, mee ech fannen daten dei, dei ech gema hun, wierklich ganz schein gufen. Ob dat allerdings un mengem fotographischen Talent läit oder einfach dem Fakt, well dei Geigend sou onheemlich schein ass, muss dir selwer decideiren!!;)hahaa














ech hätt ger een "I like" kneppchen fir deng 5. an 8. foto nom text :)
RépondreSupprimerme sou as jio och eng meiglegkeet der ze soen wei meega kuhl dei sin :)
an kloer!!! leit daat nemmen un dengem fotografischen talent;)