dimanche 4 octobre 2009

Enjoying the sun in the gorgeous Bryant Park!!

Dear readers!!(haha!:))
Majo haut un desem scheinen sonnigen Sondig, wor ech mam Rieke an d'Stad fir bessi an den Brayant Park (wou och firun poer Wochen d 'Fashion Week wor) lungren ze gon an vun deenen warscheinlich letzten Sonnenstrahlen ze profiteiren, iers hei den vun mir stark gefoerten Wanter abrescht!! Also allgemein gin ech nik richtig kloer aus dem Weeder hei, well lescht Woch wor deelweis wierklich esou kaal hei, dat ech mer een decken Wantermantel heihin gewenscht hun, an elo op emol vun engem Daag op deen anren Temperaturen vun ca. 23 Grad. Naja.....
No eisem ausgiebigen Brunch am Park sin mer dun weider gangen eng Photographie Ausstellung kucken ("Dress Codes: The Third ICP Triennal of Photography and Video"), dei absolut sehenswert an interessant ass.
Soss gett et de Moment nik vill neies bei mir ze zeelen, ausser dat ech mäin Programm minimal geweeselt hun. Ech hun also elo amplaatz vun Pattern-Making Fashion Merchandising, wat och wierklich ganz interessant ass! Mol kucken, ob dat och esou weidergeet!!;)
Bis demnächst!
Kuss, Cat

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire