mardi 20 octobre 2009

Adventure weekend....(aka "A snail in my room")

Hi everyone!!
No enger Woch Abstinenz hun ech dann elo mol erem engker Zäit font eech e bessi vun menger USA-Aventure ze zeelen!!;) Mir geet et nach emmer zimlich gudd hei, och wann ech een zimlich opregenden Weekend hannert mer hun! An dat nik nemmen am positiven Senn!!;)haha
Een Fregdig no der Schoul hun ech mech also mam Rike op den Wee op Greenpoint, Brooklyn gema, well mir do eisen Weekend an engem belligen Hostel verbrengen wollten! (mir hun nämlich baal souvill fir den Hostel bezolt, wei mir bezolen gifen, wann mir vun Tarrytown op Manhattan an zreck bezolen gifen!!;))
Wei mir allerdings do ukumen guf eis mol neewenbäi gesot, dat den Hostel säit poer Deeg Problemer hot, an keng warem Heizung an kengt waremt Waasser hot. Dovun mol ofgesin wor d'Jugendherberg ewer eigentlich ganz okay, sie wor proper,wat jo wuel dat wichtigst an engem Hostel ass!!;) Am Ufank gung et dun och gudd, well sie hun eis elektrisch Heizungen fir an d'Zemmren gin an sou wor d'Keelt dann dun och mei oder manner gudd ze erdron!! Mee dei zweet Noacht, wei mir vun engem langen Daag owes remkumen, wor dun och nach keen Stroum an eisem Zemmer, warscheinlich well zevill daer elektronischerGeräter agestach woren an et wor einfach nemmen eng Sicherung erausgesprongen!! Mee mir koumen einfach nik un d'Proprietären an et guf natierlich keng 24h-Receptioun. Sou hun mer eis dann alt eng Nacht hallef afruer verbroacht, well et wor den ganzen Weeder esou kaal an reenerisch gin. Een Fregdig Moien haat et suguer zäitweis geschneit! An wei der mech halt kennt, hun ech natierlich keng eng richtig warem Jackett mat mir hei!!
Sou all deem Misère lungen mir och nach mat 2 Texanerinnen an engem Zemmer, dei di 2 Noachten schlemmer wei Männer geschnarcht hun. Ech wor wierklich drop an drun hinnen eng Kessen an d'Gesiicht ze drecken, mee dun hun ech mech rem drun arennert dat ech an Amerika sin an dat een do suguer fir Knätsch-Klauen d'Doudesstroof kritt!;)hahahaha
Schlussendlich hun mer dun souvill gemault bis mer den greissten Deel vun eisen Suen vum Hostel remkruten an domat gung also eng richtig Erfahrung un en Enn!!;)hahaha
Soueps haert definitov of an ech schätzen erem engt Steck mei dat ech bi enger Host Family leewen, wou ech engt waremt Zemmer hun, wat ech nik mat 100 Leit deelen muss!!;)
Wei der vläit maerkt gett et des Keier mei Text, well ech hun halt nik wierklich vill Fotoen den ganzen Weekend gema, mat deem blöden Weeder wat mir haat ass dat och keen Wonner!!;)
Bis demnächst,
Kuss, CatTHE snail
den zweeten Owend zu Williamsbourg am leckeren Thai Restaurant, an deem mer schon d'Woch firdrun woren!!

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire