mercredi 28 octobre 2009

Pumpkin carving....

Een neien Schrett an d'amerikanisch Kultur: Kürbis schnetzen!!:) D'Annemarie, meng Matbewunnerin mat deem ech d'Zemmer deelen, an ech woren eis also no der Schoul mol nach seier 2 Kürbisser kaafen, iers Halloween schon rem riwer ass!
Am Geigensaatz zu him, haat ech well engt klengt "Firwessen"(souwäit een bei Kürbis schnetzen vun firwessen schwetzen kann.....;)) , well ech dat schon dei eng oder aner Keier probeiert haat!;) Um Enn vun eisem Gepiddels hot dun eisen Stoll keng Grenzen kannt, och wann eis Kürbisser nach lang nik deenen ze vergläichen sin dei verschidden Amerikaner alt sou an hieren Gärt ston hun!!:) (mee mir sin allen zwee der Meenung, daten dei jo och definitiv well mei Gelegenheeten wei mir haaten, dat ganzt ze üben resp. ze leiren!!haha) Elo kann Halloween also kommen, et feelt mer just nach en Kostüm,, deen ech mer elo iergendwei nach an den nächsten 2 Deeg zesummenbastlen, well hun iergendwei d'Gefill wei wann dat Fest wei een nationalen Feierdaag gefeiert gett an jidfereen deen sech do nik iergendwei bessi verkleed aus der Gesellschaft ausgeschloss gett!;) Wann dir also seier an onkomplizeiert Iddien hot, dann schreiwt mer seier, entweder eng Message hei oder op meng Mauer bei Facebook!!;)
Merci an bis demnächst,
Kuss, Cat

lundi 26 octobre 2009

Top of the Rock

En Sondig stung also den absoluten Touristentour um Programm, well d'Weeder sou schein wor, an soumat och eng schein Siicht vum Daag vum Rockefeller Center versechert wor!! Dei Siicht dei een do allerdings gebueden kritt ass suguer nach besser wei een sech dat erward! Et mengt een ganz New York ling engem zu Feiss (wat natierlich och den Fall ass!;))!

Eigentlich gett et och nik vill mei zu desen Fotoen ze soen, well dei meescht fir sech selwer schwetzen!!;)

Sailing away....

On board of the Staten Island Ferry!
Hi everybody!!
Geschter gung et fir mech mat der Staten Island Ferry (for free!!) vun Manhattan op Staten Island, dei wei der op den Fotoen gesidd, mei oder maner direkt un der Statue of Liberty lanschtfiert!! Eigentlich sollten mer en Samsdig dest man, mee wei et dun wei aus Eemeren gereent hot, hun mer dat alt leiwer op en anren Daag verreckelt. En Sondig wor d'Weeder dun wei ausgeweeselt an etwor genee deen richtigen Daag fir dest nach seier ze man, iers den Wanter (deen kaaaaaaaaaalen Wanter) vläit geschwenn ufänkt!!:)
Allgemein haat ech een wierklich scheinen, wann och extremn touristischen Daag, ewer dat muss jo och alt heinsdo sin, ne!!;)
P.S. Pictures by my dear Rike,well ech natierlich d'Batterien vun menger Kamera vergees haat!! tjetje......ech hun d'Gefill dat ech,säit ech hei sin nach mei chaotisch an vergeeserlich guf!;)haha

mercredi 21 octobre 2009

Battery Park

Sou traurig et och klengt, mee haut wor dei eischter Keier dat ech d'Statue of Liberty gesin hun (wann och vun ganz wäitem), säit ech hei sin!! An ech wor schon zimlich overwhelmed!!;)
Haut wor allgemein esou een scheinen Daag, et wor mol rem engker richtig sonnig an sou hun ech profiteiert mech einfach bei d'Waasser ze setzen an ze leesen oder den Leit nozekucken! Haut wor och dei eischte Keier, dat ech ganz alleng an d'Stad gefoer sin, fir sou och wierklich nemmen dat ze man, wat ech wollt. An ech hun dat an vollen Zich genoss, gleewt mer dat!?;)
Den Battery Park ass en klengen Park just um Ufer vum Hudson River, vun deem een halt d'Freiheitsstatue gesin kann. Vun hei foren och verschidden Scheffer riwer bis op d'Insel oder och d'Staten Island Ferry, mat daer een gratis (!!! dat ass warscheinlich dat eenzigt an ganz New York, wat een gratis kritt!;)hahah!), lanscht d'Statue fiert.
Et gin leider nik esou vill Fotoen vun haut, well ech natierlich vergees haat meng Batterien vun der Kamera opzeloden, mee ech fannen daten dei, dei ech gema hun, wierklich ganz schein gufen. Ob dat allerdings un mengem fotographischen Talent läit oder einfach dem Fakt, well dei Geigend sou onheemlich schein ass, muss dir selwer decideiren!!;)hahaa

Owes wei ech mech dun mam Subway e bessi verfuer haat an erem beim Battery Park erauskoum, konnt ech dun duerch Zoufall dem wonnerscheinen Sunset nokucken. An do ass näischt retoucheiert oder mat Photoshop geännert.:)

mardi 20 octobre 2009

The EF Campus

Op ausdrecklich Äußerung, ech sollt mol mäin Campus weisen, hun ech also elo haut also profiteiert bei deem wonnerscheinen Weeder eech poer Fotoen vun menger Schoul ze man, dei menger Meenung absolut weisenswert ass!!:) Dei schein geldig Kuppel hot et mer natierlich am meeschten ugedun, mee leider ass dest nik eis Entree vun der Schoul an haalen mech leider och nemmen ganz seelen do op, well et halt nik an der Geigend vun meng Säll ass!
Mee dei eischt Foto ass aus der Fenster vun deem Klassensall gema, wou ech den greissten Deel vun mengen Fächer hun!!:)Eis Zeechnungsmauer!! Keng Angscht, mat mengem Zeechentalent hun ech d'Foto natierlich sou gema dat keen meng Wonnerwaerker ze gesin kritt!!;) Mee wei der gesidd sin meng "Peers" mol goer nik esou schlecht!!;)eist Klassen-Inspirationbook
dat heiten ass dann bannen vun deem Gebei mat der Kuppel
gleewt mer, nik alles gesäit esou luxuriéis an menger Schoul aus!!;)
the library

dei Schelder daerf een hei wierklich nik zevill op d'liicht Scheller holen, well hei laafen d'Reiher ronderem ouni sech vun iergendeps steiren ze lossen, weder vun Fußgänger,nach vun Autoen!! Dat gelt allerdings och fir d'amerikanisch leewensmidd Kaweschelcher!!:)haha
nik iergendeen Baerg, mee DEN Baerg!!:)
"The roots of education are bitter, but the fruit is sweet." Aristoteles
see you soon,
Kuss Cat