samedi 26 septembre 2009

Soho.....so great!!

Haut hun elo also rem dei meescht Zäit an der Stad verbroacht. Mir woren zreck op Soho an Greenwich Village, well et eis do sou gudd gefallen hot letzten Weekend wei mer eis Bustour gema hun. Wor zwar warscheinlich eng schlecht Iddi un engem Samsdig Mettig dohin ze gon, well et woren wierklich onmoossig vill Leif enerwee, mee dorun hun mer eis dann dach zimlich weinig steiren geloss. Neewt deenen typischen Butticker wei H&M, Zara an Mango, dei mer och zu Letzebuerg hun, gett et hei enner anrem Urban Outfitters, Topshop, Steve Madden an all meiglig Designerbutticker, dei een wel. Mir woren ewer firun allem op der Sich nom Marc Jacobs, Special Items Store, eng mei bellig Linn vun hin, dei een sech och leeschten kann an nik nemmen unkucken!;) Mee fir dohin ze kommen sin mir dun en halwen Marathon gelaaf, bis mir en endlich fonnt haten.

very first NY-Subway experience

eist Ziel? who knows.....:)
(dei läit allzäit matzen an Soho,wann dat nik mol eng schein Plaatz waerfir studeiren ze gon:))
rechts neewt dem Sprangbuer kent der den Empire State Building gesin

wei der hei gesidd misst een sech dach nik tatsächlich unstellen fir an den Special Items Buttick eranzekommen, well esou een Ustuerm wor....an dobäi wor den greissten Deel dobannen den decksten Ramsch, wou halt nemmen engker den Numm grouss drop stung, enner anrem riesig Plastikposchen an Neonfarwen (neen, ech gif nik alles holen wou Marc Jacobs dropsteet!!)
waerend dem Warden haat ech dun jo och genuch Zäit d Schaufensteren an all Detail ze fotografeiren....


Doudmidd vum villen Laafen sin mer dun an den Café Angélique eisen allereischten New Yorker Cheescake eessen gangen,vun deem een hei andauernd nemmen firgeschwärmt kritt.
Rieke (Däitsch), Cecilie (Dänin) an ech
Hm...wat kann ech zum Käsekuchen son?! Sie sin nik em soss fir deen Cake bekannt, en wor "incredibly delicious"!!;)

P.S. Dir daerft mer och gaer alt mol een Kommentar oder eps hannerlossen, fir dat ech wees ob eech iwerhapt interesseiert wat ech eech hei alt sou schreiwen an weisen....:)
cu Cat

3 commentaires:

  1. Hallo Cat,

    Majo has och nik gemengt dass ech lo hei een Kommentar schreiwen....ech kucken heiernsdo deng schein Fotoen an sen just mega JALOUS!!! Profiteier sou vills de kanns !!!

    Bis dann,
    Christine
    (PS. KLein)

    RépondreSupprimer
  2. Salut Cat,
    Ma ech gin regelmeissig kucken, an fannen et deck cool waats du alles do kucken gees, schreiwen dir awer elo nik all keier een Kommentaire, just heinsdo dann, ass daat ok?
    wenschen dir nach vill Spass dei anner Sait.
    Dk
    Tina

    RépondreSupprimer
  3. Hy Cat :)

    Dein Blog gefällt mer wierklech deck gud. Sou kann een dach nach emmer no verfolegen waats du zu NYC sou dreiws :) An ech fannen et emmer spannend deng kleng Story's ze liesen. Meng Devise as lo schon: Soubaal ech ob Facebook sin, ged sou zimlech emmer och dein Blog gelies. :) Mach weider sou, sin schon gespaant waat fier een Gossip's du eis démnächst rem schreiwen wärts ;)

    Bis dann an pass ob dech :)

    Kiss, Germaine

    RépondreSupprimer