mercredi 30 septembre 2009

I just want to be a real New York Yankee!!



En Dasdig wor et endlich esou wäit: ech sollt endlich dei richtig amerikanisch Kultur kennenleiren, an deems ech op mäin eischten Yankees-Match gangen sin (an dat nach sou seier wei meiglig, well elo fir sie d'Wanterpaus ufänkt...). Et wor wierklich opreegend deen ganzen Phänomen do matzeerleewen, mee kommen emmer mei zur Erkenntnis daten d'Amerikaner bessi varreckt sin (nik dat ech je dorun gezweifelt haet...). Ech sin nach emmer faszineiert wivill dei meescht ronderem mech waerend deem ganzen Match gees (oder eischter gefrees) hun, an ewer wor den greissten Dell vun der Zäit domat beschäftigt mäin onkontrolleierbart Zidderen ze bändigen, well et wor wierklich ganz vill kaal. Baseball ass allerdings nik esou einfach ze verfolligen, wei een vläit mengen kint, well et hot sech erausgestallt, daten dei Regelen dei mer an der Schoul bäibroacht kreien absolut nik der Realteit entspreechen. Dei 4 Stonnen dei den Match gedauert hot, woren schlussendlich also nach emmer nik lang genuch fir dat ech och wierklich alles vun deem Spill verstannen hun, mee gudd, ech kann domat leewen.....


Let's go, A-Rod!! (deen eenzigen Spiller, deen ech vun den Yankees kant hun, an dat nach nemmen well en mam Kate Hudson zesummen ass!;)haha!)

Dat wor nemmen en Teschenstand, d'Yankees hun schlussendlich 3-4 geet Kansas City gewonnen.

Enjoy the movies!!

(P.S. Ech holen meng Bemaerkung zreck, dat der mer jo en Comment hannerlossen kent, well ech krut herno richten vun mei Leit gesot, dat dat anscheinend nik esou evident ass sech do unzemellen. Also ech wosst eigentlich och goer nik dat een sech do umellen misst!:) Trotzdem Merci fir dei, dei eps dohingeschriwen hun. Dir kent mech soss jo emmer nach op Facebook oder via Mail kontakteiren!!;))

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire