vendredi 18 septembre 2009

Fashion week is over now.....but I was there!!YAY!!:)

FASHION WEEK!!!!!!

Also geschter (17ten) wor ech mat mengem Roommate Annemarie mäin eischten Tour op Manhattan man. Gott sei dank wor nach su just zur Zäit do, well geschter wor den leschten Daag Fashion Week (Paradies!!!haha) hei!! Am Bryant Park stungen also bis geschter grouss wäiss Zelter, wou dann den greissten Deel vun den Moudendefileen dann ofgehaal gin. Mir stungen beim Neewenausgang wou amfong all d Models ran- an rausgungen!! Varreckt dat kann ech eech son! Alles voll mat Fotografen (mir gufen suguer vun den Security's gewarnt mir sollen eis bessi zeihen, well d Fotografen sin skrupellos!!;)hahamir blufen trotzdem ston!)

Hei kommen also meng poer Fotoen:

(d Qualiteit leist leider heinsdo bessi ze wenschen iwrig, mee bei deem Gedrecks kont ech keng besser rausschlon!;))



MY MODEL SELECTION:


Lily Donaldsdon!!!!!!!!!!!!!!!!!!
Och wann den Poteau op enger bessi onglecklicher Plaatz ass, mee dat ass wierklich d Lily Donaldson....mäin Gott ech sin baal varreckt gin!!;)







( an Wierklichkeet esou wonnerschein!!)






Okay also bei him wees ech eigentlich goer nik sou richtig ween hat ass! D Internet konnt mer bis elo och leider nach nik mei son. Mee jidfereen gung bei hat Fotoen an Autogrammer fron, dofir hun ech dat dun och mol leiwer gema, just in case, you know!!;)

Den Richie Rich vun Heatherette

Olga Kurylenko
Tommy Hilfiger
(et wor halt och säin Defilé deen Owend)
Naomi Watts
(also ech hun mech den ganzen Daag gefrot, ween hat waer, well ech et vun iergendwou kann hun.....an elo op emol, huchelale, hun ech duerch sou eng Gossip-Internetsäit erausfont dat et halt d Schauspillerin Naomi Watts ass!!!:)hm.....och wann den typ fir mei däitlich ass,et ass HAT em dat et hei geet!!;))











Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire