
En Meindig hot also elo och meng Schoul ugefong an den Programm gefällt mer amfong zimlich gudd, deelweis bessi langweilig, mee mengen dat gett sech nach mat der Zäit. Meng Fächer fir desen Term (deen bis Chreschtdaag dauert) sin also General English, Fashion Illustration (bei deem ech well total verzweifelt sin, well ech en absolut Computer talentfräien Mensch sin.....desen Blog ass well eng Leeschtung fir mech...;)haha), Fashin Fundamentals, History of Costume an Pattern-Making. Außerdem hun mer all Woch eng Uniteit "Lecture",wou dann Leit aus dem "Business" eis bessi vun hinnen zeelen kommen. Des Woch wor dun een Typ do (wann ech mech recht arennren hot en Mark Evans geheescht,mee mäin Gedächtnis ass leider zimlich oft feelerhaft!;)), deen vun senger Mark "Colorblind" erzallt hot. An deen hot eis dach dun mol einfach sou poer T-Shirten vun sengem Label geschenkt (nemmen doweinst zeelen ech dei Geschicht, gleewt mer.....haha). Also ech waer eigentlich ganz frou wann dat elo sou weider gif gon, halt just mat bessi mei relevanten Nimm wei dat!!;)
Sou hei also elo poer Fotoen vun Tarrytown:














Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire