
Geschter, den 20. hun mer dun mol mat deenen Hop on-Hop off Busser Manhattan Downtown erfuerscht. Deen Deel vun der Stad hot mir warscheinlich bis elo am beschten gefallen. Nik dat den Times Square mat allem ronderem nik schein waer (ganz am Geigendeel), mee Greenwich Village an Soho ass halt nik grad sou vollgemampft mat Touristen.....oder sie sin halt besser verstreet. Firum allem Soho hot et mer voll ugedun! Ob dat elo un deenen äusserst coolen Butticker lung (an trotzdem bluff ech nach greissten Deels abstinent....keng Angscht Mamm an Papp;)haha) oder un der Atmosphär, well et halt einfach vill manner stressig ass wei an der Geigend vun der 5th Avenue. Allerdings kint een alleng zu Soho sengt ganzt Spoerbuch dropkeiren.....wat natierlich nik heescht dat ech dat man!!;)
D Bustour hot sech op alle Fall gelount, trotz dem iwerdriwenen Präiss vun 44 Dollar, well een sou wierklich een gudden Iwerbleck iwert dei riesig Stad kritt an een sou och wees wou een demnächst onbeidngt kucken gon wel (wei zum Beispill fir bei d Pier'en wou een sech baal wei an der Vakanz fillt). Vun desen Saachen kont ech leider keng Fotoen man, well natierlich an der Mett vum Tour mäin Fotoapparat Macken gemach hot. Mee wei gesot,hun weles dei nächst Weekender, souwäit et meiglig ass, op dei schein Platzen zreckzegon an dann man ech och rem Fotos!!;)
Mee haut hot elo och mol meng Schoul erem ugefong, dat heescht den Eescht vum Leewen an nik mei nemmen Tourist zu New York!!;)
take care, kuss
Cat
haha:) klengt alles voll a la: cat a sengem element :)
RépondreSupprimerdaat mat den heiser hun ech iweregens och hei ;) muss emmer all haus fotografeieren, da muss ech mer emmer selwer areeden, nee du muss net all eenzelt huas fotografeiert hun wat kuhl as ;) me fannen dei leit kennen sech geeiert fillen :)
(oah as guer net sou einfach hei ee komentar ze maachen;) haat lo bessen zeit ert ech mein bus kreien dun hun ech mech eijentwei derduerchgekämpft:)) oh nee hun ech daat ganz lo ennert dei falsch dengen geschriww?? oh egal ;) ech hu lo keng loscht mei :P
hey maus!!!!!!!
RépondreSupprimerDeng fotoen sin wirklech ganz ganz hübsch an wei et ausgesait schengt et der richteg gudd ze gefallen mee daat war sech jo ze denken. Et get een richteg neideg wann een all dei sching fotoen gesait an et geet engem richteg Loscht dohin ze kommen :-))) allez lossen dech rem....muss meng valise packen. Fueren mueren eng Woch op Nürnberg. Mellen mech rem wann ech rem sin, dann hun ech rem besser zait.
Mega decken fetten Kuss. HDL :-)))