vendredi 1 janvier 2010

At Christmas play and make good cheer, for Christmas comes but once a year. -Thomas Tusser

Merry Christmas alleguer, wann och mat bessi Verspeidung! An heimat entschelligen ech mech och fir meng onheemlich Noleissigkeet an verspreechen emgänglig Besserung! (mäin Firsaatz ass elo altmol, hoffen mer mol dat en iwerleewt!:))
Hei hott der also poer Fotoen vun mengem American Christmas, wat ech mat menger amerikanischer Famill gefeiert hun! Den Plastikchreschtbeemchen stung schon säit Thankgiving do an den Buedem drenner hot sech no an no emmer mei gefellt. Ewer an Quantiteiten, dei dir eech goer nik firstellen kent!!:) Mir woren also 5 Steck an Chreschtdaag moies lungen bestemmt em dei 40 Cadeau'en ennert dem Baam!
Allgemeng wor et rem engt scheint Fest an et wor och interessant ze gesin, wei enerschiddlig et ewer deelweis vun eisem Chreschtdaag ass. Keen Helligowend, mee moies frei zesummen opston fir dann all zesummen dei Baerger un Cadeau'en ze vernichten!
dei sou oft erwähnten Cadeau'en, wou och dei eng oder aner Saach fir mech derbäi wor
--> enner anrem des onheemlich warem an bequem Schlappen, dei d Annemarie an ech vun eiser Host Mum geschenkt kruten!!:)
dat wat vun den Cadeau'en iwrig bluf!!:)
Sou, da wor et also zu Chreschtdaag!
P.S. Mäin Fotoapparat ass elo schlussendlich wierklich futti an gin en menger Schwester am Februar wann hat heihin kent mat heem, well ech se hei nik an d Reparatur gin kann, well ech nach eng Garantie drop hun. Mee ech gin mer dann eng Ersatzkamera kaafen, vue dat ech jo ewer alles bildlich festhalen wel. Des Fotoen sin allerdings nach emmer vun mengem Roomie geklaut!:)

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire