dimanche 6 décembre 2009

Thanksgiving

No enger zimlich langer, eischter ongewollter Abstinenz sin ech dann elo rem zreck mat enger klenger Dokumentatioun vun mengem eischten richtigen amerikanichen Feierdaag!! Meng Ofwesenheet hei um Blog ass doduerch ze begrennen dat meng Kamera säit gudd 2 Wochen Macken mescht an bis elo nach nik dermat an en Kodakshop koum. Ech hun also elo d'Fotoen vun mengem gudde Roomie geklaut, fir eech dann weiderhin nach bessi um laafenden ze halen an fir engt klengt Leewenszeechen vun mer ze gin!!:)
Hei kommen also fir d'eischt Fotoen vun der Thanksgiving Parade, dei Doneschdes den 26. November duerch Manhattan gung.

wei op all Parade oder Fest hei zu New York, woren hei och erem immens vill Leit do, wouduerch een dann nik leider nik ganz vill gesäit, mee gudd....
FUPI!!!:) (oder sou...)

an dann zum Schluss vun der Parade den (menger Meenung no vill ze iwerdreinten) Santa Claus
Rem zreck doheem wor Host Mum well den ganzen Moien am kachen, vue dat desen Feierdaag baal nemmen aus EESSEN besteet!:) An een deen dest Fest elo probeiert mat engem europäischen Chreschtdaagseessen ze vergläichen, deem kann ech versechren dat een American Thanksgiving mindestens 3-fach sou belaaschtent fir den Moo ass!;)haha!
All in all, wor et ewer een scheinen Daag mat menger amerikanischer Famill an nach poer anrn EF-Studenten!
An elo hei nach "the evolotion of the turkey"!:)

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire