vendredi 1 janvier 2010

I don't need bodyguards. I'm from the South Bronx. - Al Pacino

Jaja, ech hun mech dei eischte Keier an d Bronx getraut an musst feststellen daten dei Firurtdeeler iwert deen New Yorker "borough" nik emsoss do sin!:) Nodeems den Subway duerch Harlem ass, gin op emol Duerchsoen gema, dei der nemmen vermettlen welen: "Haal deng Posch sou fest, weis de kanns!":) En plus, sin 98% vun deenen am Subway afro-amerikanischer Ofstammung.
Mee fir elo mol rem zum Thema ze kommen, den Grond, firwat ech an d'Bronx gangen sin, ass den Bronx Zoo, wat anscheinend den greissten an den USA ass!
Och wann d'Annemarie an ech dausend Gleck haten mam Weeder, well et wor richtig sonnig an fir New Yorker Verhältnisser suguer warem,woren leider vill Deiren well annerwäertig agespart, well et dann fir dei dann ewer schon ze kaal wor. Trotzdem haten mer een scheinen Mettig am Zoo, och wann ech meng geliebten Flamingoen nik gesin hun!


Sou, dat wor et elo mol rem vun mir!! Ech wenschen eech all nach engt scheint neit Joer!! (Et kommen eventuell nach poer Fotoen vun Sylvester, muss nach mat enger Frendin schwetzen, dat hat mir seng gett!:))

Ech sin elo mol weg an Kalifornien, meng letzt Woch Vakanz an d'Sonn geneissen!:)An ech brengen hoffentlich ganz vill schein Fotoen mat!

See you, Cat

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire