mercredi 30 septembre 2009

I just want to be a real New York Yankee!!



En Dasdig wor et endlich esou wäit: ech sollt endlich dei richtig amerikanisch Kultur kennenleiren, an deems ech op mäin eischten Yankees-Match gangen sin (an dat nach sou seier wei meiglig, well elo fir sie d'Wanterpaus ufänkt...). Et wor wierklich opreegend deen ganzen Phänomen do matzeerleewen, mee kommen emmer mei zur Erkenntnis daten d'Amerikaner bessi varreckt sin (nik dat ech je dorun gezweifelt haet...). Ech sin nach emmer faszineiert wivill dei meescht ronderem mech waerend deem ganzen Match gees (oder eischter gefrees) hun, an ewer wor den greissten Dell vun der Zäit domat beschäftigt mäin onkontrolleierbart Zidderen ze bändigen, well et wor wierklich ganz vill kaal. Baseball ass allerdings nik esou einfach ze verfolligen, wei een vläit mengen kint, well et hot sech erausgestallt, daten dei Regelen dei mer an der Schoul bäibroacht kreien absolut nik der Realteit entspreechen. Dei 4 Stonnen dei den Match gedauert hot, woren schlussendlich also nach emmer nik lang genuch fir dat ech och wierklich alles vun deem Spill verstannen hun, mee gudd, ech kann domat leewen.....


Let's go, A-Rod!! (deen eenzigen Spiller, deen ech vun den Yankees kant hun, an dat nach nemmen well en mam Kate Hudson zesummen ass!;)haha!)

Dat wor nemmen en Teschenstand, d'Yankees hun schlussendlich 3-4 geet Kansas City gewonnen.

Enjoy the movies!!

(P.S. Ech holen meng Bemaerkung zreck, dat der mer jo en Comment hannerlossen kent, well ech krut herno richten vun mei Leit gesot, dat dat anscheinend nik esou evident ass sech do unzemellen. Also ech wosst eigentlich och goer nik dat een sech do umellen misst!:) Trotzdem Merci fir dei, dei eps dohingeschriwen hun. Dir kent mech soss jo emmer nach op Facebook oder via Mail kontakteiren!!;))

samedi 26 septembre 2009

Soho.....so great!!

Haut hun elo also rem dei meescht Zäit an der Stad verbroacht. Mir woren zreck op Soho an Greenwich Village, well et eis do sou gudd gefallen hot letzten Weekend wei mer eis Bustour gema hun. Wor zwar warscheinlich eng schlecht Iddi un engem Samsdig Mettig dohin ze gon, well et woren wierklich onmoossig vill Leif enerwee, mee dorun hun mer eis dann dach zimlich weinig steiren geloss. Neewt deenen typischen Butticker wei H&M, Zara an Mango, dei mer och zu Letzebuerg hun, gett et hei enner anrem Urban Outfitters, Topshop, Steve Madden an all meiglig Designerbutticker, dei een wel. Mir woren ewer firun allem op der Sich nom Marc Jacobs, Special Items Store, eng mei bellig Linn vun hin, dei een sech och leeschten kann an nik nemmen unkucken!;) Mee fir dohin ze kommen sin mir dun en halwen Marathon gelaaf, bis mir en endlich fonnt haten.

very first NY-Subway experience

eist Ziel? who knows.....:)
(dei läit allzäit matzen an Soho,wann dat nik mol eng schein Plaatz waerfir studeiren ze gon:))
rechts neewt dem Sprangbuer kent der den Empire State Building gesin

wei der hei gesidd misst een sech dach nik tatsächlich unstellen fir an den Special Items Buttick eranzekommen, well esou een Ustuerm wor....an dobäi wor den greissten Deel dobannen den decksten Ramsch, wou halt nemmen engker den Numm grouss drop stung, enner anrem riesig Plastikposchen an Neonfarwen (neen, ech gif nik alles holen wou Marc Jacobs dropsteet!!)
waerend dem Warden haat ech dun jo och genuch Zäit d Schaufensteren an all Detail ze fotografeiren....


Doudmidd vum villen Laafen sin mer dun an den Café Angélique eisen allereischten New Yorker Cheescake eessen gangen,vun deem een hei andauernd nemmen firgeschwärmt kritt.
Rieke (Däitsch), Cecilie (Dänin) an ech
Hm...wat kann ech zum Käsekuchen son?! Sie sin nik em soss fir deen Cake bekannt, en wor "incredibly delicious"!!;)

P.S. Dir daerft mer och gaer alt mol een Kommentar oder eps hannerlossen, fir dat ech wees ob eech iwerhapt interesseiert wat ech eech hei alt sou schreiwen an weisen....:)
cu Cat

Garage Sale in Tarrytown

Haut den 27. wor an der Stad verdeelt Garage Sale, doweinst sin ech dann de Moien iers ech op Manhattan gangen sin e bessi ronderem spadseiren gangen fir ze kucken, ob ech näischt Brauchbares fannen kann an fir mer halt einfach den typisch amerikanischen Phenomen unzekucken!;) (zu Letzebuerg daerf een dat jo leider nik man, soss haeten Anne-Marie an ech warscheinlich well längst soueps enerhol, ne!;)haha)
Mee gudd, schlussendlich hun ech erem mei Fotoen vun deen wonnerbaren Heiser gema. Ech hun just emmer Angscht dat,wann iergendeen mech gesäit, d Police rifft oder sou. Mee meng Host Mum hot mer erzallt dat d Leit dat mettlerweil gewinnt sin hei.;)

typisch amerikanisch "Schoolbuses", dei iergendwei all futti sin....

White Plains (oder eischter Trip to the mall)

Fregdig Mettig wollten mer och mol engker op White Plains kucken gon, well eis gesot guff dat do eng riesig Mall waer, deen een onbeidngt gesin muss hun. Gudd, also am Nachhinein hot meng Host Mum mer erzallt daten mer an der falscher woren, dei vill besser waer. Konnt ech mer eigentlich denken, well des wor wierklich nik esou besonnig. Mee gudd, wollt eech trotzdem d Fotoen nik firenthalen, och wann et wierklich näischt extraes ass.:)

Des Foto hun ech nemmen gema fir ze weisen, dat ech an enger Geigend wunnen dei oft als Filmkuliss oder sou benotzt gett, halt wei den Film "Pleasantville" (och wann ech bis zu deem Moment nik wosst, dat et dat wierklich an Realiteit gett.:)
Dovun mol ofgesin läit Tarrytown och direkt neewt Sleepy Hollow. Jo genee dat Sleepy Hollow aus dem Tim Burton sengem Film mam Johnny Depp iwert den Mythos vum kapplosen Reidder. Hm.....mengen wel do nie leng oder owes wann et däischter ass duerchlaafen, ausser ech gif den Johnny begeinen.....;)