samedi 27 février 2010

Museum of Modern Art (aka MoMA)

Den letzten Daag vun Anne-Marie an dem Aurore hirer Vakanz hei zu New York woren mer an den MoMA, an deem ech och nach nik firdrun wor. Trotz des komplett iwerfellten Musee, wor et definitiv derwaert dohin ze gon, well neewt hiren permanenten Ausstellungen, dei poer ganz schein "Klassiker" (wei zum Beispill d'Sternennacht vum van Gogh hei driwer) enthalen, ass och d'Tim Burton Ausstellung den Moment ganz beleiwt. Fir dei, di nik wessen ween den Tim Burton ass, heen ass een bekannten Regisseur, deen zum Beispill d'Filmer "Edward Scissorhands" an "Charlie and the Chocolate Factory" produzeiert hot. Mee neewt senger Arbischt als Filmmacher ass heen och nach een ganz talenteierten Kenschtler an soumat stellt den Musee seng Waerker, dei sech am Laaf vun den Joeren sou ugesammelt hun, nach bis Mett Maerz aus. An daer Ausstellung selwer hot een keng Fotoen maachen daerfen, mee dann kritt der halt Fotoen vum Rescht vum Musee:

d'Entree fir an den Tim Burton Deel


Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire