
Een Donneschdig an en Fregdig wor mol rem engker zur Ofweslung (ech hoffen dir kent meng Ironie erausheiren) en Schneistuerm ugesot!! Alt rem engker kruten mer schoulfräi, schliesslich sin d'Amerikaner nik dei seierst am Stroossen raumen!;) Mee dovun mol ofgesin steiert mech schneifräi eigentlich nik, ganz am Geigendeel!:) Een Fregdig Mettig stung dun mol fir d'eischt een ausgiebigen Spadseiergang am Central Park befier, deen sech trotz der Keelt an den naassen Feiss (neen ech weigeren mech daer ellener Gummistiwelen, mat deenen hei jidfereen ronderemleeft, unzedon!;))definitiv gelount hot. Am leiwsten waer ech och mam Schlitt duerch den Park gefuer, mee wengst Mangel um néidigen Material hun ech dat dann dun och rem sin geloss (opschons ech fir eng Sekonn an Erwägung gezunn haat mech einfach op eng Plastikstuut ze setzen an den Baerg erofzerutschen). Allgemein hun ech ewer wierklich schon ganz lang, wann iwerhapt, souvill Schnei gesin. Sou gung et warscheinlich deenen meeschten an dofir wor och hallef New York am Central Park. Hei poer Fotoen:
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire