mercredi 27 janvier 2010

Tarrytown- Celebrity Hotspot

D'Woch wei ech aus Kalifornien remkoum stung dun och schon dei nächst Iwerraschung firun der Diir: den Keanu Reeves wor zu Tarrytown, fir säin Film "Henry's crime" an eiser klenger, mee scheiner "Music Hall" ze dreinen.
All Moien op mengem Wee fir an d'Schoul hun ech heen also gesin do spillen. Et gin definitiv schlemmer Saachen wei dat!!;)
Engkeier sin ech suguer während enger Dreihpaus (onbewosst) lanscht heen gelaas, mee ech hun mech sou erfeiert, dat ech seier fortgelaaf sin amplaatz heen no enger Foto fron ze gon!!:) Ech sin dat jo dann ewer nik sou gewinnt, direkt neewt souenger bekannter Persoun ze ston!!;)
Ech hun probeiert poer Fotoen vum Dreih ze man, ass mer ewer nik emmer immens gudd gelongen!!;)

mercredi 13 janvier 2010

The factory of dreams...

Hi there!!
Ech haat nach emmer ganz vergees d Fotoen aus den Universal Studios online ze setzen an well et ewer sou schein do wor, wel ech eech dei jo dann och nik firenthalen!!
Alllgemeng hot et sech definitiv gelount dofir op LA ze foren, wann et och zimlich deier wor. Mee gudd, et ass een jo schliesslich nemmen engker hei!!;)

Filmset vun "War of the worlds"

Waterworld

Krustyland <3>

(dovunner dreemt all Simpson-Fan;))

Hilly paradise....

Doneschdes sin mer dann bei een ganz scheinen Sei, deen an der Geigend wor, gefoer.

Sailing away, where the whales meet the dolphins...

Mettwochs wor dun deen Daag do, op deen ech mech well dei ganzen Zäit baal am meeschten gefreet hun: whale watching!!:) Mir sin also mat engem Scheff eraus gefoer, lanscht d'Channel Islands, bis op eng Plaatz, wou verschidden Zochten Waler, dei aus dem kaalen Alaska an den Süden, lanschtschwammen. Um Wee fir dohin hun mer dun och well eng Jett Delfiner gesin, dei mat eisem Boot matgeschwommen sin. Hach....sou schein!!




Hei nach e poer Videoen vun deem Daag, vue dat et nik sou einfach ass dei Waler an Fotoen festzehalen, schliesslich sin sie 98% vun der Zäit ener Waasser an komen nemmen rop fir Loft ze holen!Mee kuckt d'Videoen an gesidd selwer....

Exploring St.Barbara...

Den zweeten Daag vu menger California-Rees hot d'Nathalie mer säin St.Barbara gewisen, wou hat den Moment wei ech bei EF International an d'Schoul geet.
Hei puer Fotoen: