
Haut hun ech an der Stad eng Frendin vun menger Schwester, d'Maëva, getraff, wat elo säit 2 Wochen hei zu New York ass. Fir d'eischt sin mer gudd zu Williamsburg (wou soss?!;)hahaha!) eessen gangen an dono hun mer dun Staten Island by night gema, wat och absolut sehenswert ass an vue dat dat ganzt jo och nach näischt kascht kann een dat sou oft man wei een wel!!;)
Krut iergednwei poer wierklich schein Fotoen gema, dank dem scheinen New Yorker Himmel an Skyline, mee och mat Hellef vun menger gudder Iso-Optioun op menger Kamera, soss waeren d'Fotoen nach engt Steck mei verwackelt wei se sou schon sin!!;)




Als Resumé zu mengem letzten Weekend, dem Halloween-Weekend, kann ech allgemein son dat ech poer wierklich cool Deeg haat, wat warscheinlich och vill den Verdingscht vun mengem letzebuergischen Besuch hei zu New York wor!!:) (Soen dem Gilberto an natierlich dem Rest nach engker villmols Merci!!:))
see you,
Cat
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire