dimanche 15 novembre 2009

Admit it, you're a "Sex and the city"-addict too!!

Haut wor et endlich souwäit, ech hun no langem warden d'Sex and the city Tour gemaach, bei daer een groussen Deel vun den Dreiuerter vun der Serie besichen geet. Fir all dei, dei also keng Ahnung vun der Sendung hun (SHAME ON YOU!!!), waerten elo nik alt zevill mat den Fotoen ufänken kenen, mee gudd!;) Ech hun eech als Veranschaulichung och emmer probeiert engt Bild ze fannen, wat d'Akteuren op der jeweiliger Plaatz weist! Alles an allem hun ech ewer nik alt zevill Fotoen gema, well mer vill mam Bus ronderem gefoer sin, fir all d'Plaatzen ze gesin an nja.....Fotoen aus dem Bus sin och nik immens gudd!

BUDDAKAN
Also hei hun mer den Restaurant, wou am Film d'Carrie an den Mr. Big hiert grousst "Wedding Rehearsal"-Eessen gema hun.Deen groussen Desch, deen halt och am Film do steet ass iwrigens emmer esou, well dat soll anscheinend d'Kommunikatioun tescht den verschiddenen Client'en förderen soll.MAGNOLIA BAKERY
Firun deser bekannter Bakery stin normalerweis riesig Schlangen mat Leit, dei do ran welen, well sie duerch SATC weltwäit bekannt gufen fir hier äußerst lecker Cupcakes. (1 wor am Präiss vun der Tour mat abegraff...yummie!!:))
WEST VILLAGE
An desem Deel vun der Stad guf den greissten Deel vun der Senddung gedreint.
SCOUT dem Aidan an dem Steve hier BarAn zum Schluss, wei d'Trdun faerdig wor sin mer dun an den bekannten Paris-Kino (beim Plaza-Hotel) den "Coco avant Chanel" kucken gang. (an jo den Film guf op Franseisch gespillt.....hach.....do hot een dach baal d'Gefil doheem ze sin!;))


vendredi 13 novembre 2009

Who wants to go on a trip to DUMBO?

Meng Firleift fir Brooklyn kennt der mettlerweil jo. Hun mech en Mettwoch un mengem fräien Mettig also op den Wee gema fir DUMBO fir mech ze entdecken. DUMBO steet fir "Down under Manhattan Bridge", den O hun se nach derbäi gefleckt fir dat et nik "dumb" waer. (long live Wikipedia!!:))
Wei emmer hun ech also erem hei rausfont, wivill Brooklyn eigentlich enerschätzt gett an wei schod et ass, daten eigentlich sou weinig Touristen op dei aner Säit vun Manhattan packen. Nujee......dofir sin ech jo dann elo do, fir eech hei ze son dat der och onbedingt dohin musst, falls der engker zu New York sidd.


Ech gif villes dofir gin, iergendwann an engem vun deenen Heiser wunnen ze kenen!;)
Brooklyn Heights Promenade
Manhattan Bridge (Foto owen)
Fashion Institue of Technology (FIT),
eng vun deenen bekanntesten Moudenschoulen iwerhapt, wou ech eng gnz schein Ausstellung kucken wor.
Am Bryant Park hot Chreschtdaag schon ugefongen!:) Um Ufank vum Mount hun se hei eng grouss Schlittschungpist mat engem Chreschtmaart opgeriicht, deen elo fir ca. 2 Meint do steet.

Have a good weekend!!:)

On my mum's tracks (aka Scarsdale)

Letzten Sondig hun mer en klengen Familjenausflug op Scarsdale gema, do wou meng Mamm an mengem Alter fir engt Joer als Au-Pair bei enger Famill geleewt hot. Also ech hun well gemengt dat mir hei zu Tarrytown schein Heiser ston hun, mee Scarsdale hot do nach bessi mei ze bidden! Vun klengen leiwen Heisercher bis zu riesen Villaen. Zu Scarsdale wunnen anscheinend d'Ambassadeuren vun New York, dei an der Stad schaffen an ewer an enger mei rouiger Geigend leewen welen......schein hun se et alle mol!:) Hei poer Fotoen:
Hei en klengen Film, fir eech bessi dei schein Heiser ze weisen an och allgemeng dei schein Landschaft!!:) (och hei erem den Toun leiwer rofdreinen, well d'Qualiteit ass zimlich schlecht!!)

mardi 3 novembre 2009

Hi allegoer! No enger Woch Abstinenz kritt der dann elo mol erem Berichterstattung!!:)
Haut hun ech an der Stad eng Frendin vun menger Schwester, d'Maëva, getraff, wat elo säit 2 Wochen hei zu New York ass. Fir d'eischt sin mer gudd zu Williamsburg (wou soss?!;)hahaha!) eessen gangen an dono hun mer dun Staten Island by night gema, wat och absolut sehenswert ass an vue dat dat ganzt jo och nach näischt kascht kann een dat sou oft man wei een wel!!;)
Krut iergednwei poer wierklich schein Fotoen gema, dank dem scheinen New Yorker Himmel an Skyline, mee och mat Hellef vun menger gudder Iso-Optioun op menger Kamera, soss waeren d'Fotoen nach engt Steck mei verwackelt wei se sou schon sin!!;)
Den Rest wor leider alles zevill verwackelt!!:(

Als Resumé zu mengem letzten Weekend, dem Halloween-Weekend, kann ech allgemein son dat ech poer wierklich cool Deeg haat, wat warscheinlich och vill den Verdingscht vun mengem letzebuergischen Besuch hei zu New York wor!!:) (Soen dem Gilberto an natierlich dem Rest nach engker villmols Merci!!:))

see you,

Cat