dimanche 6 décembre 2009

Thanksgiving

No enger zimlich langer, eischter ongewollter Abstinenz sin ech dann elo rem zreck mat enger klenger Dokumentatioun vun mengem eischten richtigen amerikanichen Feierdaag!! Meng Ofwesenheet hei um Blog ass doduerch ze begrennen dat meng Kamera säit gudd 2 Wochen Macken mescht an bis elo nach nik dermat an en Kodakshop koum. Ech hun also elo d'Fotoen vun mengem gudde Roomie geklaut, fir eech dann weiderhin nach bessi um laafenden ze halen an fir engt klengt Leewenszeechen vun mer ze gin!!:)
Hei kommen also fir d'eischt Fotoen vun der Thanksgiving Parade, dei Doneschdes den 26. November duerch Manhattan gung.

wei op all Parade oder Fest hei zu New York, woren hei och erem immens vill Leit do, wouduerch een dann nik leider nik ganz vill gesäit, mee gudd....
FUPI!!!:) (oder sou...)

an dann zum Schluss vun der Parade den (menger Meenung no vill ze iwerdreinten) Santa Claus
Rem zreck doheem wor Host Mum well den ganzen Moien am kachen, vue dat desen Feierdaag baal nemmen aus EESSEN besteet!:) An een deen dest Fest elo probeiert mat engem europäischen Chreschtdaagseessen ze vergläichen, deem kann ech versechren dat een American Thanksgiving mindestens 3-fach sou belaaschtent fir den Moo ass!;)haha!
All in all, wor et ewer een scheinen Daag mat menger amerikanischer Famill an nach poer anrn EF-Studenten!
An elo hei nach "the evolotion of the turkey"!:)

dimanche 15 novembre 2009

Admit it, you're a "Sex and the city"-addict too!!

Haut wor et endlich souwäit, ech hun no langem warden d'Sex and the city Tour gemaach, bei daer een groussen Deel vun den Dreiuerter vun der Serie besichen geet. Fir all dei, dei also keng Ahnung vun der Sendung hun (SHAME ON YOU!!!), waerten elo nik alt zevill mat den Fotoen ufänken kenen, mee gudd!;) Ech hun eech als Veranschaulichung och emmer probeiert engt Bild ze fannen, wat d'Akteuren op der jeweiliger Plaatz weist! Alles an allem hun ech ewer nik alt zevill Fotoen gema, well mer vill mam Bus ronderem gefoer sin, fir all d'Plaatzen ze gesin an nja.....Fotoen aus dem Bus sin och nik immens gudd!

BUDDAKAN
Also hei hun mer den Restaurant, wou am Film d'Carrie an den Mr. Big hiert grousst "Wedding Rehearsal"-Eessen gema hun.Deen groussen Desch, deen halt och am Film do steet ass iwrigens emmer esou, well dat soll anscheinend d'Kommunikatioun tescht den verschiddenen Client'en förderen soll.MAGNOLIA BAKERY
Firun deser bekannter Bakery stin normalerweis riesig Schlangen mat Leit, dei do ran welen, well sie duerch SATC weltwäit bekannt gufen fir hier äußerst lecker Cupcakes. (1 wor am Präiss vun der Tour mat abegraff...yummie!!:))
WEST VILLAGE
An desem Deel vun der Stad guf den greissten Deel vun der Senddung gedreint.
SCOUT dem Aidan an dem Steve hier BarAn zum Schluss, wei d'Trdun faerdig wor sin mer dun an den bekannten Paris-Kino (beim Plaza-Hotel) den "Coco avant Chanel" kucken gang. (an jo den Film guf op Franseisch gespillt.....hach.....do hot een dach baal d'Gefil doheem ze sin!;))


vendredi 13 novembre 2009

Who wants to go on a trip to DUMBO?

Meng Firleift fir Brooklyn kennt der mettlerweil jo. Hun mech en Mettwoch un mengem fräien Mettig also op den Wee gema fir DUMBO fir mech ze entdecken. DUMBO steet fir "Down under Manhattan Bridge", den O hun se nach derbäi gefleckt fir dat et nik "dumb" waer. (long live Wikipedia!!:))
Wei emmer hun ech also erem hei rausfont, wivill Brooklyn eigentlich enerschätzt gett an wei schod et ass, daten eigentlich sou weinig Touristen op dei aner Säit vun Manhattan packen. Nujee......dofir sin ech jo dann elo do, fir eech hei ze son dat der och onbedingt dohin musst, falls der engker zu New York sidd.


Ech gif villes dofir gin, iergendwann an engem vun deenen Heiser wunnen ze kenen!;)
Brooklyn Heights Promenade
Manhattan Bridge (Foto owen)
Fashion Institue of Technology (FIT),
eng vun deenen bekanntesten Moudenschoulen iwerhapt, wou ech eng gnz schein Ausstellung kucken wor.
Am Bryant Park hot Chreschtdaag schon ugefongen!:) Um Ufank vum Mount hun se hei eng grouss Schlittschungpist mat engem Chreschtmaart opgeriicht, deen elo fir ca. 2 Meint do steet.

Have a good weekend!!:)